D’Monnerecher Lidderfrënn sinn e gemëschte weltleche Chouer. Een oder 2 mol am Joer sange mir e Concert an der Gemeng Monnerech. Doriwwer eraus si mir och bereet fir Optrëtter iwwerall do wou mir gefroot ginn. Braucht dir eng Chorale fir en Evenement musikalesch ze encadréieren, dierft dir äis gäre kontaktéieren! Eise Programm ass ëmmer ennerschiddlech. Mir sangen a verschiddene Sproochen an och verschidde Genre’n vu Lidder.

Fir nei Memberen si mir ëmmer offen a jidfereen ass bei äis wëllkomm! Nationalitéit, Hierkonft, Sproch, Beruff oder Alter spille keng Roll, well Musik verbënnt! Et brauch een och keng musikalesch Virkenntnisser ze hunn, wann ee bei äis sange wëllt, eenzeg an alleng Freed um sange muss een hunn! Eis Prouwe sinn de Moment Mëttwochs vun 18.45 bis 20.45 Auer.

La chorale „Lidderfrënn Monnerech“ est une chorale mixte. Une ou deux fois par an, nous chantons un concert dans la commune de Mondercange. A part cela, nous sommer prêts à chanter des concerts sur demande. Si vous avez besoin d’une chorale pour l’encadrement d’un évènement, n’hésitez pas à nous contacter ! Notre programme est très varié. Nous chantons dans différentes langues et nos chants sont de tous les genres.

Nous sommes toujours ouverts à accueillir de nouveaux membres! Comme la musique unit, il n’y a pas d’importance quant à la nationalité, langue, âge etc. Pour chanter dans notre chorale, il ne faut pas avoir de connaissances musicales, seul la joie de chanter est important! Nos répétitions sont pour l’instant les mercredis de 18h45 à 20h45.

Mentions de Cookies WordPress par Real Cookie Banner